Jobfinder

Jobfinder.lu ass eise spezialiséierten Jobsite, opgebaut op enger responsiver Architektur, deen eng grouss Zuel vun Aarbechtsannoncen mat aktuellen an qualitativ héichwäertege Posten ubitt, bei den prinzipiellen Employeuren aus dem Grand-Duché. Dat esouwuel am private wéi am ëffentleche Secteur. Den Taux de fréquentation gëtt verstäerkt duerch eng regelméisseg Präsenz an de gréisste lëtzebuerger Dageszeitungen.  

Luxemburger Wort

HRC ass déi exklusiv Régie fir Aarbechtsannoncen am Luxemburger Wort, der éischter Dageszeitung aus dem Land an dem Leader vun der RH Kommunikatioun um Pabeier. Mir kommerzialisiéieren déi ganz Palette vun RH Publikatiounen, vun den Aarbechtsannoncen iwwert d’Formatioun bis zu den thematiséierten Dossieren.  

L'Essentiel

HRC ass déi exklusiv Régie fir all d'Aarbechtsannoncen am L'Essentiel, der éischter Gratiszeitung aus dem Land.

EUNONCE.EU

HRC ass de kommerzielle Partner vun Eunonce, engem informelle Réseau dee vun enger grousser Zuel vun europäesche Leader aus dem Dageszeitungsgeschäft geschaf ginn ass. Dësen Outil erméigelecht den Employeuren, Aarbechtsannoncen zu engem abordabele Käschtepunkt an allen associéierten Dageszeitungen zu verëffentlechen.

HR Communication

Nieft den Aktivitéiten am Online-Recrutement an als Régie, proposéiert HRC als Agence och spezifesch Berodung an der RH Kommunikatioun. Dës Aktivitéit geet vun der Mise en page vun Annoncen, iwwert d’Konzeptioun an d’Réalisatioun vun enger Charte graphique bis zu all denkbaren RH Outilen a Visuelen.